Projet « Man of Steel »
Enner Frendinnen vum Basketsverain an Dammen Ekipp « Kordall Steelers » hate mir d’Idee fier eng Zort Männersteh ze organiséieren. Dofier trieden maximum 20 Männer géindeneen un, an mussen verschidden Aufgaben machen, fir dann zum Schluss versteht ze gin.
De Cader vun dem Ganzen as éichter relax a witzeg, d’Männer sollen net plaackeg rondereem laafen an hier Muckien weisen, mee mussen verschidden witzeg Aufgaben erledegen, sech an aussergeweinlechen Tenüen präsentéieren, an hier Talenter enner Beweis stellen.
Dei 250-300 erwuardten Dammen aus dem Publikum dierfen natierlech aktiv matmachen an hier Favoriten auswielen. Déi Männer, di sech am Beschten verkaaf kréien, gin zum Schluss selwer verkaaft. Den gesamten Erléis vun der Steh gett fier en gudden Zweck gespend. (Association an Basketsverain « Zesummen Aktiv » vun Letzebuerg)
Encadréiert gett desen flotten Owend vum Ben Olinger vun Eldoradio/Ben’s Club an zervéiert gin d’Dammen vun eiser guttgebauter Härenequipe.
Dat ganzt fennt zu Déifferdeng an der Hall de la Chiers statt an zwar den 20 Juni 2014 ab 20 Auer. Bis 1 Auer as et nemmen fir Fraleit, duerno kennen d’Männer nokommen.
Beihang fant dir eng eischt epreuve vum eischten flyer. Et get och nach en zweeten flyer geprint wou mir dann och, fir op dei 250-300 Fraalait ze kommen, Werbung machen. Mir wären frou fir all finanziell an moral Enerstetzung an stin zu all Propose op. Fir weider infoen, mellt iech w.e.g. iwert eis e-mails adresse comite@kordall-steelers.lu oder op www.kordall-steelers.lu.
Den Comité Organisateur
Dammen Ekipp
BBC Kordall Steelers
File | |
---|---|
Flyer Man of Steel26.pdf | Download |
3 available packages from 250€ to 1000€
https://www.sponsormyevent.com/man-of-steel-differdangeBanner in der Halle, Verteilung vun Gadgets
10 available
Logo/Text auf Website vom Verain
10 available
Logo auf Flyer und oder Eintrittskarten
10 available