Moien, ech sin den Kenny Kaefer an den Organisator vum Luxembourg's Unknown Talents.
Beim Event geet et dodrem, seuvill wei meiglech Konscht vun Letzeboier ze präsenteiren. Fier dest Ziel hun ech verschidden Dj'en, verschidden Sänger an och Zeechner gefroot, fier een Owend ze weisen wat se kennen an geren maachen.
Ech bidden hinnen seu eng Chance professionel Erfahrungen ze sammlen an schenken och eseu den Besucher, een scheinen Owend.
Ech sichen Amfong Sponsoren, dei mir hellefen just dat neidegst, wei Boxen an Equipment, Gedrenks an och Iesen, net ganz aus menger Tesch ze bezuelen.
All Sponsor kritt 3 Ticketen fier eng gratis Entrée, sein Numm oder Firmennumm gett op all Flyer gedreckt an wann sie een Schelld oder Banner hun, gett dat och an der Haal opgehang.
Natierlech ass dat Haaptziel vun dem Event een mei greusst, wei nemmen et een Mol z'organiseiren.
Mein Draam wier nemlech, seu oft et geet, seu eng Soirée ze plangen an eseu mol mei Opmierksamkeet op d'letzeboiesch Konschtszene ze zeien, dei wierklech ze weinech dovun kritt.
Also wann Ierch meng Idee gefellt an dier eng Chance fier den Event gesidd, dann helleft mier an mier stellen zesummen eppes op d'Been wat villen jonken Letzeboier keint eng Chance bidden, eppes aus hierem
Talent ze maachen.
Kenny Kaefer